Um Mëttwoch den Owend war et d'Nouvelle, datt d'Personal vum Stellwierk zu Klengbetten evakuéiert gouf, well ee Silo kéint an de Koup falen.

De Site gouf vun der Police ofgespaart an d'Personal aus dem Stellwierk zu Klengbetten wéi gesot evakuéiert. Den Zuchtrafic war wärend e puer Stonnen ënnerbrach. Et goufen Ersatzbussen agesat. Wéi mer vun den CFL um Donneschdeg de Moie confirméiert kruten, hätt sech d'Situatioun nees normaliséiert, d'Zich déi fueren nees wéi virgesinn.

Ee klengen Deel vum Parking ass den Ament awer nach gespaart. Ee vun de Siloen hat ee Rass a gouf aus Sécherheetsgrënn ganz eidel gemaach. Wéi et heescht, géif dee betraffene Silo awer net méi riskéieren zesummen ze briechen. En Donneschdeg am Laf vum Dag soll d'Situatioun genee analyséiert ginn.