Vu Spargelen, Äerdbier, Zaloten, Gromperen, bis Ënnen oder Kraider - Am Grand-Duché ginn eng ganz Partie Liewensmëttel ugebaut an och hei verkaaft.

Fir e Bauer ass et e gutt Gefill, wann hien ier en iwwerhaapt ufänkt mat produzéieren, scho weess, datt e seng Wuer verkaf huet. Fir eng Rei Lëtzebuerger Betriber ass dat eng Realitéit. Beispillsweis fir de Betrib vun der Famill Hoffmann. Si hunn eng Partnerschaft mat der Provençale. Doriwwer eraus gëtt duerch dëse Betriebsmodell nach déi regional Produktioun ënnerstëtzt. Vu Spargelen, Äerdbier, Zaloten, Gromperen, bis Ënnen oder Kraider ginn esou ugeplanzt.

© Jeannot Ries / RTL Télé Lëtzebuerg

Am Januar 2018 huet den Yves Hoffmann den Haff vu sengem Papp iwwerholl. Mat kloer engem Stéchwuert: op eng modern an diversifiéiert Landwirtschaft setzen. Mat um Enn, regionale Produkter.

Et ass wichteg, de Betrib a verschidde Sektiounen op ze deelen, sou de jonke Bauer. Wann ee Joer eng Produktioun net sou gutt geet, da bleiwen aner Standbeen, déi engem de Réck stäipen.

Bis den 23. Juni ginn nach, uewenaus um Plateau iwwer Hënsdref, op 8 Hektar, Spargele gestach. Zwee weider Hektar ginn den Ament fir déi nächst Jore preparéiert.

En Donneschdeg de Moien huet sech de Premier ënnert anerem eng grouss Spargel-Produktioun direkt nieft der Stad ugekuckt.