Gewerkschaftlech Aktivitéite si wichteg an däerfen net ageschränkt ginn, huet de Verdeedegungsminister François Bausch gemengt.

„Onglécklech“. Dat war d'Wuert, dat en Dënschdeg de Moien no enger gemeinsamer Sëtzung vun de Chamberkommissioune vun der Fonction publique a vun der bannenzeger Sécherheet an der Verdeedegung am meeschte gebraucht gouf, fir de rezenten Tëschefall mam Christian Schleck z'ëmschreiwen.

Viru ronn 3 Woche war jo bekannt ginn, dass de President vun der Arméigewerkschaft SPAL op Grond vu senge syndikalisteschen Aktivitéiten eng aner Affektatioun un d'Häerz geluecht krut, wouriwwer déi zoustänneg Gewerkschaften net erfreet waren.

Et hätt keng Absicht ginn, fir d'gewerkschaftlech Aktivitéiten ze behënneren, sot den DP-Deputéierte Gusty Graas no där Sëtzung:

AUDIO: Den DP-Deputéierte Gusty Graas

Gewerkschaftlech Aktivitéite si wichteg an däerfen net ageschränkt ginn, huet de Verdeedegungsminister François Bausch gemengt. Hien hätt dem État-major dat gesot, deen dat och deele géif. Op d'Fro hin, ob dat Réckendeckung fir de Christian Schleck bedeite géif, huet de Minister dat heite geäntwert:

AUDIO: De Verdeedegungsminister François Bausch

Wann, wéi bei der Arméi, grouss Reformen ustinn, géif dat ëmmer zu Diskussioune féieren, huet de François Bausch betount. Déi misst ee mat der néideger Rou ugoen, a sou Dossieren, wéi och dee vun der Police, géifen net op der Place publique geléist ginn, mä hannert zouenen Dieren, dat sou séier wéi méiglech.