Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo hat dem Finanzminster Pierre Gramegna eng parlamentaresch Fro zum TVA-Karussell-System gestallt.

De Lëtzebuerger Parquet gouf déi lescht Jore mat kenger Denonciatioun iwwer Bedruch gefaast, déi duerch de Montage vum TVA-Karussell-System zustane komm wieren.

Andeems bei Wuereverkeef via Bréifboîte-Firmen iwwert d'Grenzen ewech agéiert gëtt, profitéiere kriminell Organisatioune beim Karussell-System direkt e puer Mol vum TVA-Remboursement. Domat ginn éierlech Firme penaliséiert an den organiséierte Crime profitéiert vum System.

Enger Enquête vun engem internationale Journalistereseau no sollen doduerch de verschiddenen Steier-Administratiounen d'Joer eng ronn 50 Milliarden Euro verluer goen. Fir Lëtzebuerg hat reporter.lu un deem Reseau matgeschafft.

Wéi de Finanzminister Pierre Gramegna op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo äntwert, wieren duerch de beschriwwene System keng TVA-Recetten hei am Land verluergaangen. Et kéint natierlech ëmmer sinn, datt och e Lëtzebuerger Operateur an engem internationale Montage mat dra wier, fir esou an engem aneren Land den TVA-Bedruch ze maachen.

Aktiv géif dem Minister Gramegna no an der EU géint dës Form vu Bedruch tëscht den Steier-an Douane-Verwaltungen zesummegeschafft ginn, e Gesetzprojet, deen am Februar deposéiert gouf, gesäit fir, datt an Zukunft och Leit kënnen hei am Land de Prozess gemaach kréien, déi TVA-Bedruch am Ausland reprochéiert kréien. 5 Riichter këmmere sech hei am Land exklusiv ëm Fäll vu Steier-Bedruch. Tëscht 2016 an 2018 goufen et 65 international Commissions rogatoires, mat deenen d'Lëtzebuerger Justice befaasst gouf, dat a Fäll vu presuméierter Fraude an dem Hannerzéie vun indirekte Steieren.