Um Mëttwoch de Moie koum et virun 8 Auer tëscht dem Karelshaff a Colmer-Bierg zu engem Accident. D'Strooss war gespaart.

Éischten Informatiounen no ass en Auto an e Bam gerannt, wouropshin den Auto sech iwwerschloen huet. Déi jonk Automobilistin koum mat der Ambulanz an d'Spidol.

D'Streck huet wärend de Rettungsaarbechte musse fir den Trafic gespaart ginn.

Zu Esch an der rue Joseph Kieffer krute sech dann um 7 Auer zwee Gefierer ze paken, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Selwechte Fall zu Tandel, och hei kruten sech zwee Autoen ze paken, 2 Persoune goufe blesséiert. Och zu Rout-Syr sinn zwee Automobilisten anenee gerannt, hei gouf keng Persoun blesséiert.

Um CR132 tëscht Beetebuerg a Peppeng ass e Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert.