Bal ee Joer laang gouf geschafft, fir de Schued, deen nom 1. Juni zejoert duerch déi uerg Iwwerschwemmungen am Mëllerdall entstane war, ze eliminéieren.

Extreme Schued, vill Gedold an organisatoresch Upassungen, esou goufen e Mëttwoch d'Aarbechten an der Regioun Mëllerdall vun de leschten 12 Méint resuméiert, déi jo virun engem Joer vun uerge Wiederen an Iwwerschwemmunge betraff war.

AUDIO: Aarbechten am Mëllerdall - Reportage Claudia Kollwelter

Et misst ee besser preparéiert sinn an sech a Funktioun vum Klimawandel adaptéieren - dat sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Zu Bäerdref gouf e Mëttwoch de Moien engersäits vun de verschiddene Verwaltungen opgezielt, wat geschafft an investéiert gouf, anersäits awer och wéi eng Léieren een aus der Katastroph zéie konnt.

Den Iînfrastrukturelle Schued war dem Marc Ries vu Ponts et Chaussées no an der betraffener Regioun immens grouss. 23 Plaze goufen notéiert, wou eppes geschitt war. 11 Millioune goufen investéiert fir d'Schied ze behiewen. E Beispill war d'Strooss tëscht Bäerdref an Iechternach, wou et Ufanks mat engem klenge Rass nach relativ onspektakulär gewierkt huet.

2,7 Millioune goufen an d'Bëschaarbechten investéiert. Net manner wéi 16km Bëschweeër goufe frësch gemaach a Passerellen aus Holz oder Steen nei gebaut fir och d'Wanderweeër erëm a Stand ze sëtzen. Ma och d'Waasserverwaltung hat déi läscht Méint genuch ze dinn. Bulli an Dréck huet missen aus de Gewässer eraus geholl ginn. Dat waren ënnert anerem iwwer 5 Tonne Plastik wéi de Philippe Lutty vun der Waasserverwaltung erkläert.

Besser plangen an d'Leit mat Zäite warnen - ënnert anerem dat sinn Ziler vun enger Strategie déi den Ëmweltministère am Gaang ass auszeschaffen. D'Ministesch Carole Dieschbourg betount datt een engersäits un enger staark-Reen Kaart fir d'ganzt Land schafft. Mat Hëllef vun sou enger Kaart soll vill méi geziilt gewarnt kënne ginn.

Fir déi Kaart weider kënnen auszeschaffen ass et och den Appell un déi betraffe Leit fir e Froebou auszefëllen, deen och dozou bäidroe soll, datt een an Zukunft besser agéieren an d'Leit avertéiere kann.

Hei geet et op den Internetsite vu Flashfloods.

Réckbléck

E sëlleche Stroosse ware vill futti an hu nom Reen musse gespaart ginn. Den CR364 tëscht Bäerdref an Iechternach ass den 3. Juni nees opgaangen.