D'Freedefeier fänkt wéi gewinnt um 23 Auer un an dauert eng 17 Minutten a gëtt live vun der Militärmusek begleet.

D'Preparatiounen fir d'Feierlechkeeten ronderëm Nationalfeierdag lafen op Héichtouren. Wéinst de Chantieren an der Stad ginn et dëst Joer eng Partie Changementer, an dës goufen der Press en Donneschden an der Stater Gemeng presentéiert.

AUDIO: Nationalfeierdag Preparatiounen - Rep. Claudia Kollwelter

Virop ass et de Fakelzuch deen iwwert d'al Bréck geet - vue datt dës aktuell awer méi breet gemaach gëtt kënnen vun 8 Auer un keng Foussgänger méi hei eriwwer. Ronn 2000 Leit ginn beim Fakelzuch mat, deen sech iwwer ronn 1,2 Kilometer zitt an dann aus Sécherheetsgrënn bis erof an d'Rue Origer geet an sech am Garer Quartier opléisst. Den Laurent Schwaller vun der Stad Lëtzebuerg. Vun 20 Auer un gëtt de Fakelzuch um roude Pëtz opgebaut, um 20.30 Auer wäert de Fakelzuch da lassgoen. Dono gëtt dann e Concert op der Plaz organiséiert.

D'Freedefeier dann fänkt wéi gewinnt um 23 Auer un an dauert eng 17 Minutten a gëtt live vun der Militärmusek begleet. Musek gëtt awer och nach op villen anere Plazen an der Stad gebueden mat dësem Joer 2 neie Lieuen betount de Stater Schäffen Serge Wilmes. Eng ass d'Biederplaz, déi aner de Piquet.

D'Police réit verdächteg Persounen oder Géigestänn direkt ze mëllen, op seng Posch opzepassen an et gëtt ofgeroden mat Kannerkutschen an d'Stad ze kommen.

De Patrick Even vun der Police betount datt si nieft dem normalen Déngscht mat ronn 160 Leit am Asaz wäerte sinn. Wat d'Mobilitéit dann nach ugeet do fueren natierlech Bus an Tram - d'Parkingen an der Stad sinn och op, ofgesinn vum Knuedler am Saint-Esprit déi alle béit Samschdes tëscht owes 7 a moies 2 zou sinn. Sonndes vun 10 Auer un ass d'Rout Bréck gespaart, dat heescht do kënnt een dann net méi iwwert de Wee op de Kierchbierg.

RTL Télé Lëtzebuerg iwwerdréit moies live d'Zeremonie aus der Philharmonie, d'Militärparad vun 11.30 Auer un an och den Te Deum aus der Kathedral, deen um 16.30 Auer ufänkt. Um Radio si mer moies live bei der Zeremonie derbäi.