Ëmmer méi Leit gräifen op den Onlinehandel zréck. D’Verännerung vum Kafverhale werft dann och nei Froe fir de Verbraucherschutz op.

AUDIO: Konferenz europäescht Verbraucherrecht / Rep. Nadone Kremer

Ëm dës Theme bekëmmert sech zu Lëtzebuerg den europäesche Verbraucherzentrum, deen hei ee vu sengen 30 Sëtzer huet. E Samschdeg invitéiert deen Zentrum op eng Konferenz zum europäesche Verbraucherrecht, mam Schwéierpunkt Onlinehandel, an der Abtei Neumünster. Den europäesche Verbraucherzentrum informéiert de Konsument iwwer seng Rechter an hëlleft him bei Problemer. Dës Hëllef ass 100% gratis. Zanter 2005 ass all 2 Joer eng Konferenz iwwer ënnerschiddlech Theme vum Verbraucherrecht. D’Sujete sinn ëmmer villfälteg, mä hunn ee gemeinsamen Nenner – dëst Joer ass dat den Onlinehandel.

D’Karin Basenach, Direktesch vum europäesche Verbraucherzentrum, behaapt, dass mer net negligéieren kënnen, dass den elektroneschen Handel um Virmarsch ass. Si presentéiert bei der Konferenz dann och Zuelen, déi duerleeën, wéi wäit dat antëscht geet. Mat allem wat um E-Commerce drun hänkt, net nëmmen d'Ëmsätz, ma och d'Unzuel un den Notzer.

An 9 Konferenze ginn ënnerschiddlech Aspekter vum E-Commerce beliicht. D’Invitée sinn international a kommen aus der Grenzregioun, mä och aus Éisträich a souguer aus Kanada.

Diskutéiert gëtt zum Beispill iwwert d’Folge vun der neier Copyright-Direktive fir de Bannemaart, d’Entwécklung vum E-Commerce an ob vläicht eng Mëschform tëscht Online- an Offlinehandel denkbar wier.

D’Karin Basenach: Da wollte mer awer och bësse weisen, jo wat ass dann eigentlech mam stationären Handel? Also mat de Geschäfter. Wéi iwwerliewen dann déi? Wéi gesinn déi dat? Hunn déi iwwerhaapt eng Chance fir ze iwwerliewen?

No enger Konferenz vun Alibaba, déi aus China an d’EU liwweren, gëtt an engem nächste Schrëtt diskutéiert ob esou Entreprisë sech un d’EU-Richtlinnen hale mussen.

Weider Theme sinn, ob sech an Zukunft eng Welt ouni Boergeld virzestellen ass.

Och wéi een dem Bierger an der Gesellschaft d’kënschtlech Intelligenz méi no bréngt, souwéi en Erfarungsbericht an e Verglach vu Sammelkloen a Kanada an an Europa stinn um Programm.

Dat si vill Themen, déi all Verbraucher fréier oder spéider eng Kéier beschäftegen. E puer Plaze sinn nach fir d’Konferenz e Samschdeg, den 19. Juni, ze kréien. Fir all déi aner stelle mir dës Themen no an no an eiser Serie iwwer Verbraucherschutz an Onlinehandel vir.