Bei enger grousse Kontroll vu Camionen en Donneschdeg um Grenziwwergang vun der A1 goufen eng Rei Verstéiss festgestallt.

Op der Aire zu Waasserbëlleg goufen am Ganzen 53 Gefierer ënnert d'Lupp geholl. Ënner anerem gouf besonnesch op den techneschen Zoustand vum Gefier gekuckt.

56 Mol gouf et e Protokoll.

27 Chauffeuren haten déi gesetzlech virgeschriwwe Fuerzäiten net agehalen. Aner Verstéiss waren déi, datt d'Charge net richteg geséchert war oder datt d'Pneuen net an der Rei waren.

Eng Partie Gefierer hu missten immobiliséiert ginn.

D'Lëtzebuerger an déi däitsch Autoritéiten hu bei dëser Aktioun zesummegeschafft, sou wéi dat zënter 2008 reegelméisseg am Kader vun de sougenannte "Freisener Gespräche" gemaach gëtt.

© Police