Op der N4 tëscht der Cloche d'or a Leideleng gouf et an der Nuecht op e Samschdeg géint 4.10 Auer en Accident. Zwee Autoe waren dra verwéckelt.

Zwou Persoune goufe blesséiert.

Op der N7 tëscht der Lëppschter-Dellt an Houschent huet kuerz virun Hallefnuecht en Auto gebrannt.

Zu Ettelbréck an der Rue du Deich haten um Freideg den Owend kuerz virun 20 Auer Kleeder an enger Kummer gebrannt.

An um 19 Auer gouf et e Motorradsaccident zu Wäisswampech. 2 Motocycliste waren do kollidéiert. Eng Persoun gouf verwonnt, mellt den 112.