De CGDIS mellt, dass géint 3.15 Auer um Méindeg de Moien zu Bieles an der Route d'Esch, direkt e puer Autoe gebrannt haten.

Trotz dem Asaz vun de Pompjeeën sinn enger ganzer 7 Gefierer de Flamen zum Affer gefall.

Well Brandstëftung net kann ausgeschloss ginn, maachen d'Spuresécherung an d'Brandsektioun vun der PJ eng Enquête.

VIDEO: 7 Autoe verbrannt zu Bieles, Police mécht Zeienopruff
De CGDIS mellt, dass géint 3.15 Auer um Méindeg de Moien zu Bieles an der Route d'Esch, direkt e puer Autoe gebrannt haten.

All Info ass fir d'Police Déifferdeng: 244531000.

D'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng a vu Monnerech waren op der Plaz.

© Eldo Mobile Reporter Marina + Cynthia