Besonnesch de Video, an deem eng Fra, Banquier, mam Ralleysauto duerch de Bësch fiert, kënnt net esou gutt un.

“Kommt op Lëtzebuerg”: Eng Serie-Promotiounsvideoe vun der Agence Luxembourg for Finance polariséiert.

Laut Kritiker géingen d’Videoe vu Luxembourg for Finance individualistescht, egoistescht Behuelen glorifiéieren. Besonnesch ee Video wou eng Fra, a Banquier mam Rallyesauto duerch de Bësch fiert eckt un.

Kritiker mengen, dat wier an der Zäit vu Klimakris net méi zäitgeméiss. An de Commentairë liest een och Kritik am Zesummenhang mat den Inegalitéiten eraus.

Kritik acceptéiert, mä…

Luxembourg for Finance acceptéiert op Nofro hin d’Kritik a verséchert, datt een d’Klimafro Eesch hëlt. Allerdéngs, sou warnt d’Promotiounsagence, misst een och bei aller Kritik kohärent sinn.

„Dat ass eppes wat mir op éischter Plaz musse maachen, mä wat jidderee muss maachen“, esou de CEO vu Luxembourg for Finance. De Nicolas Mackel erkläert am RTL-Interview, datt ënner de Kritiker och Leit sinn, deenen hir Employeuren vill iwwer Motorsport, „Coursen a Rally“ berichten a souguer sponsoren.

Den Nicolas Mackel präziséiert och, datt de Rallye am Bësch am Ausland gedréint gouf.

A Realitéit, net d‘'Réalitéit fir jiddereen

Luxembourg for Finance verweist op déi aner Videoen an der Serie, an deene ganz aner positiv Säite vum Grand-Duché gewise ginn. Do ass och Gutt Iessen, Visitten am Schlass, mä awer och Vëlo am Bësch a Wakeboard dobäi.

Datt dat net den Alldag vu jidderengem wier hei am Land gesäit de Nicolas Mackel och an. Mä et wier eben „eng Saach wéi dir är Suen attribuéiert“.

De Chef vu Luxembourg for Finance seet, hie kennt Leit déi net vill verdéngen an awer decidéieren dee Sport ze bedreiwen.