Duerch eng Reorientatioun vun der kommerzieller Strategie an dem Outsourcing vu verschiddenen Aktivitéiten un aner Entitéite, misste Posten ofgebaut ginn.

An dem Kontext gouf schonn e Freideg tëscht de Gewerkschaften ALEBA, OGBL an LCGB souwéi der Personaldelegatioun vun der Bank mat Sëtz zu London ee Sozialplang ënnerschriwwen. Dat hunn d'Syndikater e Méindeg den Owend an engem Communiqué bekannt ginn.

Duerch eng Reorientatioun vun der kommerzieller Strategie an dem Outsourcing vu verschiddenen Aktivitéiten un aner Entitéite, missten 32 Posten ofgebaut ginn. Wéi et am Communiqué heescht, hätt dowéinst mussen ee Sozialplang ausgeschafft ginn. D'Verhandlunge wiere positiv verlaf, sou d'Gewerkschaften, déi et eegenen Aussoen no staark bedaueren, dass op e neits um Bockel vun de Salariéen Decisioune géife geholl ginn, déi just dem Profit vun der Entreprise géifen déngen.