Ënner anerem zu där Hausse bäigedroen hu Constructiounsaktivitéiten, notamment de Beräich Elektroinstallatioun.

Op 12 Méint gekuckt gëtt et iwwregens eng Croissance vun 3,8%. Dat deelt de Statec mat.

D'Zuel vun de Frontalieren ass an där genannter Zäit méi staark gewuess ewéi déi vun de Residenten déi schaffen.

Zu Lëtzebuerg goufen et zejoert iwwregens ronn 420'000 Salariéen, knapp 55% vun dëse si Residenten a vun deene si knapp d'Halschent Lëtzebuerger.

Bal 192'000 Leit kommen all Dag aus eisen Nopeschlänner op Lëtzebuerg schaffen. Bal d'Halschent vun de Frontaliere kommen aus Frankräich.