Wéinst am Ganzen 88 Abréch, tëscht Ufank 2014 an Enn 2017 queesch duerch d'Land, kréie 6 Männer tëscht 21 an 62 Joer um Stater Geriicht de Prozess gemaach.

De presuméierten Haaptbeschëllegten huet opgrond vun engem Dokteschcertificat gefeelt.

AUDIO: 88 Abréch - Reportage Eric Ewald

Vun den Abréch viséiert waren Hoteller, Restauranten, Caféen, Butteker, Firmaen a Privathaiser. Zwee vun den Haaptfaite ginn op Mäerz an Abrëll 2014 zréck. Bei deem éischten Abroch, an en Hotel op der Stater Gare, waren net grad 46.000 €, 2.000 Dollar a Bijoue verschwonnen, a bei deem zweeten, an en Haus zu Siren, ënnert anerem Poschen, Kreditkaarten an e Portmonni.

Ënnert dem Stréch huet d'Police e finanzielle Schued vu bal 170.000 € an 2.000 Dollar ausgemaach, dobäi kënnt dee materiellen, deen ënnert anerem am Klaue vun enger Onmass vun Zigaretten a Chèque-repasë besteet. Op d'Remark hi vun der Presidentin vum Geriicht, dass een iwwert déi 88 Faiten eraus wuel nach vun aneren ausgoe misst, huet en Enquêteur erkläert, d'Donkelziffer wär wahrscheinlech vill méi héich.

Zanter Februar 2016 huet d'Police op där beandrockender Serie vun Abréch geschafft, woubäi am Ufank ëmmer déiselwecht DNA fonnt gouf. Eng 1. war am Mäerz 2014 beim Abroch an den Hotel op der Stater Gare entdeckt ginn; deemools konnt awer nach keen Numm dorop gesat ginn. Duerch en Abroch, am September 2016, an d'Buvette vun engem Fussballclub am Oste vum Land koum een du virun: Dee Moment gouf nämlech eng Persoun in flagranti erwëscht, dee mam Dokteschcertificat, deen dëse Fait mat zwee aneren Ugekloten zesumme begaangen hätt. Dobäi gouf och en Auto saiséiert, deen dacks opgefall war, eng 1. Kéier am Oktober 2014.

Enn 2016/Ufank 2017 koum et zu Telefonsecoutten, wouropshin et bis Summer 2017 roueg blouf. No zwee Abréch, dunn, an der Stad, bei deenen eng Persoun festgeholl gouf, ass de Mann mam Dokteschcertificat observéiert ginn a gouf säin Telefon ofgelauschtert. No engem weidere Coup, am November 2017, zu Ettelbréck, bei deem ënnert anerem e Safe vun 250kg matgoe gelooss gouf, sinn 3 vun de Beschëllegte festgeholl ginn, soudass de Spuk eriwwer war. Den Enquêteur huet dann och vun enger organiséierter Gruppéierung geschwat, där hir Zesummesetzung jee nodeem changéiert huet, wie grad am Prisong souz oder net.

De Prozess geet e Mëttwoch virun.