An enger Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwert de 5G goung et em d'Chancen oder Risike vun dëser neier Internet-Technologie fir Lëtzebuerg.

Méi séier a méi performant, dat versprécht de sougenannte 5G-Reseau. Informatiounen, déi geschéckt ginn, komme quasi an Echtzäit un, esou gëtt beispillsweis d‘autonoomt Fuere méiglech.

Zanter 2012 gëtt et zu Lëtzebuerg de 4-G-Réseau, eng Strategie fir e 5G-Reseau zu Lëtzebuerg opzebauen huet d'Regierung d'lescht Joer presentéiert. Vum nächste Joer u soll de 5G de 4G ergänzen. D'Netzwierk soll Innovatioun an de verschiddene Wirtschaftssecteure méiglech maachen. Op d'Ufro vun der CSV gouf et um Dënschdeg eng Aktualitéitsstonn an der Chamber. Wei eng laangfristeg Auswierkungen de 5G op d'Gesondheet huet ass den Ament nach net gewosst. Deputéiert ware sech eens, datt een dëst am A misst behalen.

D'Europäesch Unioun setz tëscht de Big Player China an den USA. En eegenen Acteur an der EU opzebauen géif ronn 20 Milliarden Euro kaschten, esou de Xavier Bettel. De 5 G géif wuel nei Chance bidden, déi komplett Risiken kéint een den Ament nach net ofschätzen.