Och d'Vertrieder vun der Piratepartei an déi vun déi Lénk hu sech schockéiert gewisen iwwert dat, wat ee gewuer ginn ass an hunn elo nach méi oppe Froen.

D'Affär iwwert de Fonctionnement vum Fichier Central um Niveau vun der Police Judiciaire bleift aktuell a war och de Mëttwoch de Moien e Sujet an den zwou zoustännege Chamberkommissiounen, an dat nawell laang. D'Reunioun, déi u sech op eng Stonn ugesat war, huet um Enn dat duebelt un Zäit gedauert. Dono sote sech d'Oppositiounsdeputéiert schockéiert a gerëselt duerch dat, wat se ze héiere kruten.

AUDIO: Geheime Casier (1) / Rep. Eric Ewald

"Mir kruten net all Froe beäntwert!", "Mir si schockéiert iwwert dat, wat mer gewuer goufen!" an "Mir hu méi Froen, wéi virdrun!": Dat ware Reaktioune vun der Oppositioun no enger gemeinsamer Sëtzung, e Mëttwoch de Moien, vun de Chamberkommissioune vun der Justiz, engersäits, a vun der bannenzeger Sécherheet an der Verdeedegung, anerersäits, a Saache "geheime Casier".

Affär "Geheime Casier"
...

Déi Lénk haten dës gemeinsam Reunioun gefrot, ma hire Vertrieder sot dono, op Grond vun all Äntwert, déi ee krut, hätt een 10 nei Froe gehat. De Marc Baum huet no der Sëtzung vun zwee Ministeren, zwee Ministèren an zwou Approchë geschwat.

D'Police wär sech bewosst, dass net alles kauscher ass, wéi et gelaf ass a leeft, a géif probéieren, dogéint virzegoen, am Géigesaz zum Parquet, wat bedenklech wär, sou den Deputéierte vun déi Lénk. Fir deen d'Chamber och aktiv an d'Opschaffe vun dëser Affär sollt involvéiert ginn.

De Gilles Roth huet sech carrement gefrot, ob een nach an engem Rechtsstaat wär. Et wär net nozevollzéien, dass Dausenden Date vu Bierger gesammelt ginn. D'CSV géif hei net labber loossen a fuerdert Transparenz a spezifesch Gesetzer zu Datebanken, huet hiren Deputéierte betount.

Wéi den CSV-Deputéierte Laurent Mosar sot, wier dës Affär vum "casier bis" a sengen Ae méi schro, wéi de SREL-Dossier, deen 2013 zu Neiwale gefouert hat.

De Marc Goergen hat no der Chamberkommissioun net manner Froe wéi virdrun. Dem Deputéierte vun der Piratepartei no misst och de viregte Minister fir bannenzeg Sécherheet Etienne Schneider an déi nächst Kommissiounssëtzung kommen, fir sech ze erklären.

Deem säin Nofolger François Bausch huet op Transparenz gepocht an ervirgestrach, dass am Eenzelfall, mat deem d'Affär bei eis ugefaangen hat, net op de Policefichier zréckgegraff gouf.

Sou misst een eng Motivatioun aginn, alles wär retraçabel, an et géif eng Kontroll dovu ginn, huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet erkläert.

Fir de Roy Reding bestoung, wat de "fichier central" vun der Police ugeet, bis zejoert keng legal Basis, respektiv behandelt gëtt no engem Reglement vun 1992. D'Police géif och archivéieren, souguer wa Leit vu Virwërf fräigesprach ginn. D'adr huet dofir eng kloer Linn an et fuerdert een ee parlamentareschen Untersuchungsausschoss, well déi Faite wäre vun esou enger grousser Gravitéit, déi wesentlech doriwwer erausgeet, wéi dat bei der SREL-Affär de Fall war.

AUDIO: Extrait Roy Reding (1)

Donieft huet och de Parquet sou e Fichier, seet de Roy Reding, op deen der Procureure générale d'Etat no net géif zréckgegraff ginn, wat awer net dem Deputéierte sengen Informatiounen entsprécht. Op de Fichier vun der Police hätten iwwregens eng 2.000 Leit Zougrëff. Et wär, och dowéinst, nach méi wéi eng sou eng Chamberssëtzung néideg, a fir d'adr bräicht et eng Enquêtëkommissioun.

AUDIO: Extrait Roy Reding (2)

Braz a Bausch sti fir 100% Transparenz

AUDIO: Geheime Casier (2) / Reportage Eric Ewald

Nieft der Oppositioun hu sech e Mëttwoch och d'Vertrieder vun de Majoritéitsparteien - no enger gemeinsamer Reunioun vun de Chamberkommissioune vun der Justiz a vun der bannenzeger Sécherheet an der Verdeedegung - Froe gestallt zum sougenannte „geheime Casier“.

Bei de Politiker vun LSAP an DP goung vun eventuellen Nobesserungen un de Gesetztexter Rieds a vun Transparenz, déi elo néideg wär. Vun 1992 bis zejoert, wär een an enger ganz rechtsonsécherer Situatioun gewiescht a wär de "Fichier central" wuel net rechtlech ofgeséchert gewiescht. Huet den Alex Bodry betount. D'lescht Joer hätt een am Kader vum neien Dateschutzgesetz als Chamber decidéiert, kee Spezialgesetz ze maachen. Elo géif sech awer d'Fro stellen, ob d'Reegele propper ëmgesat ginn. Den Alex Bodry stéiert sech drun, datt d'Police an de Parquet grouss Datebanken hunn, ma awer ënnerschiddlech Reegelen hätt, wéi se domadder ëmginn.

Den LSAP-Deputéierte fënnt dat net gutt a stéiert sech donieft um Archivage, op deen net éiweg sollt kënnen zréckgegraff ginn: Hei misst eng Deadline kommen. D'Texter wären deemno eventuell nozebesseren a Barrièren anzebauen, an et sollt net op Date kënnen zréckgegraff ginn zu engem aneren Zweck, fir deen déi Date gesammelt goufen.

Den Eugène Berger huet ervirgehuewen, dass Transparenz néideg wär an den Dateschutz am Virdergrond stoe misst. An den Ae vum DP-Deputéierte misst e Relevé vun alle Fichiere gemaach a gekuckt ginn, wéi een domat ëmgeet.

Wann net méi alles am Aklang mam Dateschutz wär, da missten eventuell Modifikatioune kommen. Elo wär emol eng weider Sëtzung vun de Chamberkommissioune virgesinn. An der Suite dovu sollt een da Konklusiounen zéien.

D’Ministere Braz a Bausch soten, si stéingen fir 100% Transparenz: de Verbatim vun de Sitzunge vun de Chamberkommissiounen Justiz a Bannenzeger Sécherheet vun e Mëttwoch de Moie géing dowéinst ëffentlech gemaach ginn an et géinge weider Sëtzunge ginn, fir den Dossier opzeschaffen.

De Justizminister huet un Diskussiounen iwwert d'Ëmsetzung vum Dateschutzgesetz vun zejoert erënnert an erkläert, et géif eng legal Basis ginn, wann awer Verbesserunge komme sollten, wär d'Regierung net dogéint. Dës Datebanke wären awer legal.

Maître Vogel: Regierung huet am Dossier gelunn

Weider hält de Gaston Vogel fest, datt et guer keng legal Basis fir dëse Police-Fichier géif ginn.

VIDEO: Vogel: Regierung huet am Dossier "Geheime Casier" gelunn
Den Dossier "Geheime Casier" geet an eng weider Ronn.

D'Regierung huet am Dossier „geheime Casier“ gelunn, wéi se behaapt huet, am Fichier de Police géif näischt aneres stoen, wéi dat, wat och am Casier wier, seet de Maître Vogel a reagéiert domadder op d'Äntwert vun de Ministere Braz a Bausch op eng vun de parlamentaresch Froe vun den CSV-Deputéierte Mosar a Roth.

A senger Analyse hält de Gaston Vogel och fest, dass et guer keng legal Basis fir dëse Police-Fichier géif. Am Uergsten ass fir de Maître dann awer d'Tatsaach, dass dat, wat no 10 Joer aus deem „casier bis“ soll verschwannen, nach do wier, well et archivéiert géif ginn. De Maître nennt dat eng Monstrositéit an eng Sauerei.