Wéi d'Organisateure matdeelen, wieren Onéierlecher am gaangen iwwer Telefon Tickete fir d'Foire Agricole ze verkafen.

An zwou Wochen, um éischte Weekend am Juli, ass zu Ettelbréck nees déi beléifte Foire Agricole, woufir sech zeg dausenden Visiteuren op d'Däichwisen deplacéieren.

Wann Dir sollt via Telefon Entréestickete fir dës Foire offréiert kréien, sou ass dëst eng plomp Fal.

Wéi d'Organisateure matdeelen, wieren Onéierlecher am gaangen iwwer Telefon dës Ticketen ze verkafen. Si wëlle sech op des Manéier beräicheren.

Op kee Fall sollt een heirop erafalen, well d'offiziell Ticketen fir d'Foire Agricole net iwwer Telefon verkaf ginn.

D'Agrar-Foire fänkt dëst Joer e Freideg de 5. Juli un.