Op der Héicht vum Parc Hotel op der N11 stoung en Donneschdeg den Owend kuerz no 18 Auer en Auto a Brand.

D'Strooss huet misste wéinst dem Tëschefall gespaart ginn, et huet op der Plaz gestaut.

Weider Detailer feele fir den Ament nach.

Tëscht dem Antoniushaff a Lenzweiler krute sech kuerz virun Hallefnuecht zwee Autoen ze paken. Zwou Persoune goufe verwonnt.

Um 19.20 Auer gouf et zu Schëffleng an der rue de Hedange e Feier an enger Kichen.

An zu Esch ass en Donneschdeg den Owend an der rue de Belval e Cycliste ugestouss a blesséiert ginn. Dat mellt den 112.