Déi staatlech Investitiounsbank SNCI war e Méindeg op Ufro vun der CSV an d'Finanz- a Budgetskommissioun invitéiert ginn.

Den Ophänkert, ewéi d'lescht Woch schonns an der Wirtschaftskommissioun, war den Investissement vun der SNCI an d'Space Firma "Planetary Resources". De Staat huet seng Parte jo Enn d'lescht Joer mat enger Perte vun 12 Milliounen Euro nees verkaf.

Déi grouss Fro e Méindeg war déi, ob deen Investissement vun der SNCI justifiéiert war.

AUDIO: "Planetary Resources"/Reportage Tim Morizet

Ma et gëtt eng Divergenz vun Interpretatiounen, ob een effektiv hätt sollen den Investissement maachen: ob dat eng gutt Iddi war oder ob et awer vläicht ze vill riskant ass. Ma dat wier eng Fro vu politescher Responsabilitéit an déi läit beim Minister. D'Kontroll virum Investissement war do, erkläert den LSAP-Deputéierte Franz Fayot: "D'SNCI huet hei an hirer Interpretatioun, ënnert dem Kontroll vun der CSSF an dem zoustännege Minister, en Investissement an eng amerikanesch Firma gemaach, déi konform zu hirem Gesetz ass. A si hunn deemools déi néideg Verifikatioune gemaach, fir datt dat alles am Fong „dans les règles de l'arts“ geschitt ass."

D'Base légale vun der SNCI wär net déi richteg fir esou een Engagement, heescht et awer vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler: "Eist Gesetz gesäit vir, datt d'SNCI entweder a Firmen investéiere kann, déi zu Lëtzebuerg baséiert sinn, oder wa se an Firmen investéiert, déi am Ausland sinn, da kann et nëmmen a Firme sinn, déi eisen Approvisionnement a Matière Premièren assuréieren."

Fir awer elo ze soen, datt Space-Mining gutt fir de Lëtzebuerger Approvisionnement u Matière Première wier, wier wäit hiergeholl, mengt déi gréisst Oppositiounspartei.

D'Gesetz muss also och der Zäit ugepasst ginn, dat mat neie Präzisiounen, mengt den DP-Deputéierten André Bauler: "D'Gesetz, muss ee wëssen, ass 1978 geschriwwe ginn, zu enger Zäit, wou sech dës Problematik net gestallt huet. Elo kann een natierlech interpretéieren, wat do genee gemengt ass."

Bis ewell goufen et zwou Chamberkommissioune mat Representante vum SNCI zum Fall "Planetary Resources". Dem Gesetz no muss och 1 Mol am Joer de Kommissär au Compte virun der Chamber déi finanziell Situatioun vun der staatlecher Investitiounsbank opklären.

Ma fir datt d'Chamber besser nach als Kontrollorgan fonctionnéiert, fuerdert ee méi Transparenz bei gewëssenen Dokumenter.

"Do ginn et eng Rei juristesch Froen, déi ze kläre sinn. D'SNCI ass och eng Bank, huet also och e gewëssene Secret anzehalen. Mir op där anerer Säit als Chamber hunn eng Obligatioun de Kontroll direkt kënnen ze maachen. Sou muss d'Chamber sech elo nach ausschwätzen, ewéi déi 2 Texter zesummepassen a wéi mer eise Kontroll kënnen effektiv uerdentlech a komplett maachen.", esou de Claude Wiseler.