De Jean-Luc Lehners huet ënnert anerem fir de Grupp vum weltbekannte Physiker Stephen Hawking zu Cambridge geschafft.

"Hat den Universum een Ufank?" - esou ass eng Konferenz iwwerschriwwen, déi de renomméierten Astrophysiker Dr. Jean-Luc Lehners e Méindeg den Owend op Invitatioun vum Lycée Technique pour Professions de Santé (LTPS) am Gebai vun der Spuerkeess hält. Domadder mécht de Lycée eng Projetswoch op, dat ënnert dem Motto: LTPS goes space.

Den Dr. Lehners war e Méindeg den Owend dann och Invité bei eis am Journal, wou et ëm seng spannend Fuerschungsprojete geet.

Hien huet fir de Grupp vum weltbekannte Physiker Stephen Hawking zu Cambridge geschafft an ass den Ament Responsabele vum Max Planck Fuerschungsgrupp fir theoretesch Kosmologie, um Max Planck Institut fir Gravitatiounsphysik zu Potsdam, besser bekannt ënnert dem Numm Albert Einstein Institut.