Den 11. Juli gëtt um Dikrecher Geriicht doriwwer decidéiert, wéini am Hierscht den Armand Clesse wéinst "Injures et calomnies" de Prozess gemaach kritt.

Enn Mee hate mer Iech jo gemellt, dass eis Emissioun "Background" vum 23. Februar iwwert d'Juegd e juristescht Nospill krit: de fréieren Direkter vum "Institut d'études européennes et internationales" war jo wéinst Aussoen an där Emissioun vun zwee Jeeër, dorënner dem viregte Pressespriecher vun der Jeeërfederatioun, Marc Glesener, ugesicht ginn.

Den Ugesichten hätt am „Background“ ënner anerem gesot, sou wéi et an der Citation directe un hie steet, déi eis virläit, Zitat: „D'Juegd ass Doutmaachen, et ass Mord, well et ass geplangt. (...) D'Jeeër si Barbaren. (...) D'Juegd, dat ass d'Loscht, dout ze maachen!“ Donieft hätt de Politolog Referenz geholl op d'KZer, andeems hie gesot hätt, de Mënsch wär bestialesch bliwwen, Mënsche géintiwwer, wéi d'lescht Joerhonnert et gewisen hätt, Beispill Auschwitz, mä och géintiwwer net mënschleche Geschöpfer.

Well den Armand Clesse Bezuch geholl hätt op Auschwitz, géif hien d'Juegd an d'Jeeër op deeselwechten Niveau stellen, Jeeër, déi wéi Henker aus deem Konzentratiounslager wären.

Si geheien dem Armand Clesse vir, der Éier vu Jeeër geschuet ze hunn, dat zu verschiddenen Zäitpunkten. Ënnert anerem hätt de Politolog ëmmer nees erkläert, d'Jeeër wäre Mäerder, déi also mat Virsaz doutmaache géifen, woufir déi zwee Männer all Kéiers 2.500 Euro Schuedenersatz froen.