En Accident mat 3 Blesséierte gouf et kuerz no 18 Auer tëscht Heischent an dem Heischtergronn. En Auto an e Moto waren anenee gerannt.

Géint 18 Auer war zu Beetebuerg an der Lëtzebuerger Strooss een Accident geschitt. Hei goufen zwou Persoune verwonnt.

Kuerz virun 18.30 Auer waren an der Escher Strooss op der Cloche d'Or zwee Ween anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Ee Blesséierte gouf et och an engem Accident géint 18.30 Auer tëscht Messancy a Kënzeg. Och hei hate sech zwee Autoen ze pake krut.

Zu Mäerzeg am Butzeberg ware kuerz viru 7 zwee Ween net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.