Et geet ëm d'progressiv Augmentatioun vum Mindestloun, dem Revis an dem Revenue fir Persoune mat engem uergen Handicap.

D'Deputéiert beschäftegen sech vu 14.30 Auer un mat der progressiver Augmentatioun vum Salaire Social Minimum, dem Revenu d'inclusion social, och Revis genannt, an dem Revenue fir Persoune mat engem uergen Handicap. Et handelt sech ëm eng retroaktive Mesure. De Revis an de Revenue fir Leit mat engem Handicap si schonn op den 1. Januar dëst Joer ëm 100 Euro an d'Luucht gaangen. Donieft soll och de Salaire Social Minimum progressiv ëm 100 Euro erhéicht ginn.  D'Deputéiert stëmmen an dem Kontext en Dënschdeg de Mëtteg iwwer zwee Gesetzprojeten of.

Um Programm steet  och eng Aktualitéitsstonn, dat op Demande vun der ADR, iwwert den Enseignement vum Chineseschen an de Lëtzebuerger Lycéeën an der Offer vun anere Sproochen.

Déi parlamentaresch Wirtschaftskommissioun kritt iwwerdeems um Dënschdeg de Moie vun 9 Auer un de Point gemaach, iwwert den aktuelle Stand vun de Preparativen, wat d'Lëtzebuerger Participatioun op der Weltausstellung d'nächst Joer zu Dubai betrëfft.