All Joer kënne Lycéesschüler hei am Land e Bléck an d’Businesswelt geheien, andeems se selwer eng zäitlech begrenzte Mini-Entreprise geréieren.

Vun der Iddi, iwwert de Finanz- a Businessplang, d’Marketing-Strategie bis hin zum Verkaf vum fäerdege Produit oder Service, all dës Etappe mussen d’Schüler duerchlafen, fir vun engem Jury bewäert a wa méiglech ausgezeechent ze ginn. Organiséiert gëtt dat Ganzt vun der Associatioun Jonk Entrepreneuren.

Deel 7: Pro'Oc

Net waarde bis déi grouss Konzerner hire System änneren. Mä selwer dozou bäidroen, datt manner Plastikstute benotzt ginn. Dat sote sech 9 Schüler aus dem Lycée Michel Lucius. An hunn dowéinst d’Mini-Entreprise „Pro’Oc“ gegrënnt.

VIDEO: Serie Mini-Entreprise (7): "Pro'Oc"
All Joer kënne Lycéesschüler hei am Land e Bléck an d’Businesswelt geheien, andeems se selwer eng zäitlech begrenzte Mini-Entreprise geréieren.

Deel 6: Ashbox

"Klengen Offall, grousse Problem – geheit een net an d’Natur!", dat ass eng Campagne vum Nohaltegkeetsministère. An déi hu Schülerinnen aus dem Fieldgen zu hirer Mini-Entreprise inspiréiert. Mat portabelen Äschebechere wëlle si evitéieren, datt klengen Dreck wéi Zigaretten oder Knätscher einfach op de Buedem geheit ginn.

VIDEO: Serie Mini-Entreprise (6): "Ashbox"
All Joer kënne Lycéesschüler hei am Land e Bléck an d’Businesswelt geheien, andeems se selwer eng zäitlech begrenzte Mini-Entreprise geréieren.

Deel 5: Sundrive

„Sundrive“ hunn déi 12 Schüler aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck hir Mini-Entreprise genannt. D’Produkt, dat se entwéckelt hunn ass e klenge Solarauto, eng Spillsaach déi an engem Bastelatelier zesumme mat de Grondschoulkanner kann opgebaut ginn. Dofir krut d'Mini-Entreprise de Präis fir d'bescht Handwierk an Innovatioun.

VIDEO: Serie Mini-Entreprise (5): Sundrive
„Sundrive“ hunn déi 12 Schüler aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck hir Mini-Entreprise genannt.

Deel 4: Magic Bombs

Et si Bullen aus Buedem, Som a Lehm, aus deene Blummen entstinn. „Magic Bombs“ heescht de Produit , dee vun engem Grupp vu Schüler aus dem Lycée Technique vu Bouneweg entwéckelt gouf. A klenge biodegradabele Bechere verkafen di Jonk hir sougenannt Seedbombs. 5 verschidden Zorte fir ënnerschiddlech Occasiounen huet d’Mini-Entreprise op de Maart bruecht an dës si bis ewell ganz gutt bei de Leit ukomm.

VIDEO: Serie Mini-Entreprise (4): "Magic Bombs"
All Joer kënne Lycéesschüler hei am Land e Bléck an d’Businesswelt geheien, andeems se selwer eng zäitlech begrenzte Mini-Entreprise geréieren.

Deel 3: Bio-Chipsen

Bio-Chipsen aus Bio-Brout, dat net verkaf gouf, agepaakt a biodegradabelen Tuten. D'Schüler vun der Mini-Entreprise "The Brips" produzéieren a verkafen hiren nohaltegen-Produit selwer. Hir Geschäftsiddie koum beim Jury ugangs Juni ganz gutt un. Déi Jonk vun der Deuxième aus dem Lycée Technique vu Bouneweg krute beim Mini-Entreprise Concours direkt 3 Auszeechnungen.

VIDEO: Serie Mini-Entreprise (3): "The Brips"
Déi Jonk vun der Deuxième aus dem Lycée Technique vu Bouneweg krute beim Mini-Entreprise Concours direkt 3 Auszeechnungen.

Deel 2: "SAY IT"

Si realiséiere gefilmten Ëmfroe fir grouss Firmen a mat där Geschäftsiddi ass et deene 7 Schüler vun der klenger Firma "SAY IT" gelongen, de Präis vun der beschter Mini-Entreprise vun dësem Joer ze wannen. Eng Auszeechnung, déi et deene Jonke vun der Deuxième aus dem Lycée Aline Mayrisch erméiglecht huet, zu Lille a Frankräich bei der europäescher Mini-Entreprise-Competitioun matzemaachen. D’Lynn Cruchten huet déi motivéiert jonk Geschäftsleit begéint.

VIDEO: Serie Mini-Entreprise (2): "SAY IT"
D’Lynn Cruchten huet déi motivéiert jonk Geschäftsleit begéint.

Deel 1: Als Schüler eng Entreprise grënnen

Am éischten Deel vun der Serie goung et am Allgemengen ëm d'Mini-Entreprisen.

VIDEO: Serie Mini-Entreprise (1): Als Schüler 1 Entreprise grënnen
All Joer kënne Lycéesschüler hei am Land e Bléck an d’Businesswelt geheien, andeems se selwer eng zäitlech begrenzte Mini-Entreprise geréieren.