De Planning Familial ass frou iwwer d'Fortschrëtter an der sexueller an affektiver Educatioun a lueft den blo-rout-grénge Koalitiounsaccord ausdrécklech.

Vill vun hire Revendicatioune sinn, respektiv, sollen elo jo Realitéit ginn. Op der Generalversammlung vun der Associatioun en Donneschdeg den Owend goung awer och Rieds iwwer d'Erausfuerderungen an der Zukunft. De Pierre Jans hat am Virfeld mat der Presidentin vum Planning Familial Ainhoa Achutegui geschwat.

Den Accueil an déi medezinesch Betreiung vu Fraen a Männer, jonk oder méi al, ass d'Haaptaktivitéit vum Planning Familial, mat Lokalitéiten an der Stad, zu Esch an zu Ettelbréck. Bal 24.000 Kontakter gouf et zejoert fir d'medezinesch Ekipp vum Planning Familial. De psychologesche Service an d'Educatioun deelen sech déi reschtlech 11.000 Kontakter vun zejoert.

D'Equippen an d'Servicer vun der Associatioun si breet opgestallt, betount d'Presidentin Ainhoa Achutegui. Si bedauert gläichzäiteg, dass vill Leit beim Begrëff Planning Familial just un Ofdreiwung denke géifen. Den Avortement mécht awer just 1 Prozent vun der medezinescher Aktivitéit aus. ''Wa mir nëmmen domadder associéiert ginn, da komme vläicht Leit net laanscht, wëll si keen IVG brauchen. Ech hat nach gëschter mat enger Frëndin diskutéiert, déi mir gesot huet ''nee Planning ass net fir mech, ech brauch dach kee Schwangerschaftsofbroch'', mä si wousst net, dass mir eigentlech alles maachen.''

D'Presidentin mengt hei d'Informatioun iwwer Sex a Fortplanzung, den Depistage vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten, an natierlech d'Contraceptioun. All Fra gëtt hei individuell beroden, erkläert d'Ainhoa Achutegui: ''Dofir sinn déi Consultatioune laang. Et geet drëms, ganz genee erauszefannen, wéi den Alldag vun där Persoun ausgesäit, a mat hir zesummen déi bescht Form vu Contraceptioun erauszesichen.''

Suerge géif den HPV-, de Papilloma-Virus maachen, e sexuell iwwerdrobare Virus, héchst ustiechend, dacks schwiereg ze erkennen, just fir Frae geféierlech, a virun allem bei Jugendleche wäit verbreet. ''Leider kënne mir feststellen, dass et mat de Joren eropgeet an dass de Virus grasséiert. Mir mussen deen iergendwéi an de Grëff kréien. Et kann een och geimpft ginn. Ech menge schonn dass mir an déi Richtung ginn, dass eigentlech all déi jonk Fraen a Männer geimpft solle ginn'', erkläert d'Ainhoa Achutegui. Et géif een awer nach d'Resultater vun enger Etüden ofwaarden. D'Presidentin betount nach eng Kéier, dass d'Preventioun dacks dat beschte Mëttel wär. Och fir d'Zuel vun Avortementer ze reduzéieren, déi zejoert nees op ronn 700 geklomme war.

''Avortementer sinn, dat weess jiddereen, keng Form vu Contraceptioun'', erënnert d'Presidentin vum Planning Familial, ''dat mam Remboursement vun der Pëll ass eng super Saach. Déi gëtt leider den Ament nach net honnert prozenteg rembourséiert, mä mam neie Koalitiounsofkommes geet et awer an déi Richtung.''

D'Regierung huet och d'TVA op Hygiènesartikele fir Frae vu 17 op 3 Prozent erofgesat, och dat war eng Revendicatioun vum Planning Familial, deen der och haut nach huet: et misst eng breet Etüd gemaach ginn iwwer dat aktuellt Sexualverhalen am digitalen Zäitalter, erkläert d'Ainhoa Achutegui. Iwwerdeems ass alles anescht ewéi begeeschtert, dass d'Léierpersonal am Fondamental neierdéngs muss am Sall bleiwen, wann d'Experte vum Planning Familial an d'Schoule ginn.