Et gouf eng Motioun ugeholl, déi den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo zesumme mam CSV-Deputéierte Laurent Mosar agereecht hunn.

Net ze Lescht, well Lëtzebuerg dëst Joer d'Presidence vun der IHRA huet, dat ass déi International Allianz fir d'Memoire vun der Shoa, ass et dem Parlament wichteg, mat enger Motioun e staarkt Signal géint den Antisemitismus ze setzen, huet um Mëttwoch de sozialisteschen Deputéierte Mars di Bartolomeo um Krautmaart ënnerstrach.

Hien an de Laurent Mosar sinn d'Auteure vun där Motioun an den CSV-Deputéierten huet betount, datt een d'Wuerzel vum Antisemitismus aus dem Haasbuedem muss erausrappen. Antisemitismus géif am Alldag ufänken a genee do misst en och bekämpft ginn.

Et géif net duergoen "nie wieder" op e Monument ze schreiwen an dann den Alldag ze vergiessen. Et misst een all Dag erliewen.

AUDIO: De Laurent Mosar

D'Motioun vum Laurent Mosar a vum Mars di Bartolomeo ass mat 58 Jo-Stëmmen an 2 Enthalungen ugeholl ginn.