D'Police huet e Mëttwoch den Owend matgedeelt, dass am Laf vum Dag zwou Persoune konnte verhaft ginn.

Déi Onbekannt haten an der Nuecht vun en Dënschdeg op Mëttwoch, op der Areler Strooss an der Stad, probéiert an d'Lager vun engem Baumaart anzebriechen. D'Police hat eng Sichaktioun an d'Wee geleet an déi zwee Täter konnte kuerz nom Abroch an der Rue des Primeurs zu Stroossen immobiliséiert ginn. Ee vun hinne souz nach am Fluchtauto, deen aneren hat sech an den Hecke verstoppt.

Et huet sech erausgestallt, dass si ee Baucontainer opgebrach haten an eng ganz Partie Baumaschinne wollten oftransportéieren. Dat konnt d'Police awer verhënneren. Déi zwee Männer goufen op Uerder vum Parquet verhaft an hiren Auto gouf confisquéiert.