Géint 8 Auer koum et um CR129 tëscht Guedber an Hiefenech zu engem méi uergen Accident. Eng Persoun gouf blesséiert.

Detailer ginn et nach keng. D'Streck war wéinst de Botz- an Opraumaarbechte fir bal annerhallef Stonn gespaart.

Wéi d'Police schreift, gouf et e Mëttwoch den Owend nach en Accident zu Bieles. An der Rue de la Poste huet en Patrull den Auto géint 2 Auer an der Nuecht gesinn. D'Fra am Won war net blesséiert, hat awer genuch gedronk. Si krut de Permis ewech geholl an et gouf protokolléiert.

De CGDIS mellt och op aner Plazen nach Tëschefäll. Géint 5.35 Auer gouf zu Esch um Boulevard Charles de Gaulle eng Persoun ugestouss a blesséiert. Op där Plaz huet et duerno, géint 9.10 Auer, nach emol gerabbelt. Zwee Autoe sinn net laanschtenee komm an et gouf eng Persoun verwonnt.

Kuerz virun 7.30 Auer krute sech op der RN08 tëscht Recken a Miersch e Camion an een Auto ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Um 8.27 Auer ass tëscht Nidderkuer a Péiteng en Auto a Brand geroden. Hei ass kengem eppes geschitt.