De 16. Dezember kënnt et um Dikrecher Geriicht zum juristeschen Nospill ëm eis Emissioun "Background" vum 23. Februar iwwert d'Juegd.

Den Armand Clesse gouf jo vun zwee Jeeër, ënnert hinnen de viregte Pressespriecher vun der Jeeërfederatioun Marc Glesener, ugesicht, dat wéinst Aussoen an där Émissioun.

De fréieren Direkter vum „Institut d'études européennes et internationales“ kritt vun deenen zwee Jeeër virgehäit, der Éier vu Jeeër geschuet ze hunn, dat zu verschiddenen Zäitpunkten; de Politolog hätt ë.a. ëmmer nees erkläert, d'Jeeër wäre Mäerder, déi also mat Virsaz doutmaache géifen, woufir déi zwee Männer all Kéiers 2.500 € Schuedenersatz froen.

Den Ugesichten hätt am „Background“ ënner anerem gesot, sou wéi et an der Citation directe un hie steet, déi eis virläit: „D'Juegd ass Doutmaachen, et ass Mord, well et ass geplangt. (...) D'Jeeër si Barbaren. (...) D'Juegd, dat ass d'Loscht, doutzemaachen!“ Donieft hätt de Politolog Referenz geholl op d'KZer, andeems hie gesot hätt, "de Mënsch wär bestialesch bliwwen, Mënsche géintiwwer, wéi d'lescht Joerhonnert et gewisen hätt, Beispill Auschwitz, mä och géintiwwer net-mënschleche Geschöpfer."