Um Stater Geriicht ass en Donneschdeg de Moien ee Mann an enger Affär vun ënner anerem Abus de confiance fräigesprach ginn.

Am Oktober war hien nach zu engem Joer Prisong an zu enger Geldstrof vun 1.500 Euro veruerteelt ginn. Déi fest Prisongsstrof war gesprach ginn, well de Mann deemools net fir säi Prozess ugetruede war.

Et war him a sengem Papp virgehäit ginn, am August 2011 ee Leasing-Auto a Portugal bruecht ze hunn. De Papp hat awer am September eng Plainte bei der Police zu Déifferdeng gemaach, well den Auto geklaut gi wär. De Papp hat och der Leasing-Gesellschaft vum Klaue vum Won erzielt.