9 nei Haiser goufen zu Kielen presentéiert. D'Haiser gehéieren zum Projet “Elmen“ vum Soziale Promoteur, der SNHBM.

Se sinn komplett aus Holz an Deel vum bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg.

Ma bezuelbar eleng geet wéi et schéngt net méi duer. Et soll an Zukunft méi nohalteg, méi innovative geplangt a gelieft ginn.

Sonneg, Stëbseg a waarm. Geschafft gouf nach an der praller Sonn op dësem impressionnante 27 Hektar groussen Terrain bei Ollem.

Dat sinn iwwregens 38 Futtballsterrainen.

Et kann een sech kaum virstellen, datt hei virun zimlech genee engem Joer nach eng grouss Wiss stoung. An e puer Joer wunnen hei eng 2000 Leit op 375 Haiser an 375 Appartementer verdeelt. En strikten Zäitplang ass néideg.

De Guy Entringer, Direkter vun der SNHBM: Déi éischt Phase huet 400 Unitéiten an mir wäerten dorunner 6 Joer bauen. Dat heescht vun haut un gerechent denke mer datt mer dat éischt Duerf mat 400 Unitéiten an all deenen anere Funktiounen ewéi Supermarché oder Crèche bannent 8 Joer hei stoen hunn. Et ass eng ambitionéiert Zäitlinn.“

Déi éischt 100 Unitéite kéinten awer schonns an den nächsten 2-3 Joer bewunnt sinn. D'Offer u Soziale Wunnengen zu Lëtzebuerg klëmmt an dës ginn ëmmer méi innovativ. D'Form vun den Haiser, d'Material, eng eege Stroum-Produktioun, zentral Parkhaiser, fir den Trafic op en Minimum ze halen, si just puer vun den Innovatiounen, déi integréiert ginn.

En Duerf ze schafen, wou d'Kanner nees kënnen op der Strooss spillen a wou d'Gréngfläch 45% vum Quartier ausmaachen, wier d'Zil. De Site huet e Virbildscharakter.

De Logementsministesch Sam Tanson: Et kee grousse Bauschutt dee méi hei nach entsteet an den Haiser. Dat sinn alles Saachen, déi extrem wichteg sinn, wa mer eis wëlle weiderentwéckelen, och am Logement, da musse mer eis op déi Punkte fokusséieren.“

De bezuelbare Wunnraum fir déi Jonk wier wichteg fir d'Dierfer vun der Gemeng Kielen. Eng Populatioun déi d'Gemeng jonk an aktiv hält.

Den Félix Eischen, Kielener Buergermeeschter: Eis Dierfer liewen an eis Gemeng lieft vun enger ganz aktiver Jugend, déi engagéiert ass an de Veräiner an den Syndikater an an de Kommissiounen. An wann déi et sech eng kéier net méi kënne leeschten hei wunnenzebleiwen, an enger Gemeng, wou d'Präisser awer héich sinn, mir si jo am Spektrum vun der Gemeng Lëtzebuerg, dann hu mer eppes Grousses falsch gemaach, well mer déi zukünfteg Jugend net kënnen hei behalen. An da gi mer aremséileg Dierfer. An dat kann et net sinn.“

E Supermarché, eng Crèche, eng Schoul, eng direkt Verbindung mam ëffentlechen Transport. Elmen soll eng eegestänneg Uertschaft ginn.

Am Januar d'nächst Joer kënnt et dann zu enger éischter Informatiounsversammlungen, fir d'Vente vun den éischten Haiser ze lancéieren.