No 6 Joer an der Regierungsverantwortung hunn déi Gréng e ganz positive Bilan vun hirer parlamentarescher Aarbecht gezunn.

No de leschte Walen ass déi gréng Fraktioun an der Chamber vun 6 op 9 Leit geklommen, et si mëttlerweil 5 an net méi 3 gréng Ministeren am Amt a mam Tilly Metz als Europadeputéiert sinn et insgesamt 40% Fraen, déi Responsabilitéit droen. Zanter de Chamberwale wär scho vill geschafft ginn, ma besonnesch elo géing et heeschen, nei Chantieren unzegoen, d'Äerm eropzekrämpelen an ze schaffen.

AUDIO: Bilan déi Gréng / Reportage Annick Goerens

Lëtzebuerg zum Klima-Champion maachen, een nationaalt Atom-Haftungsgesetz schafen an d'Mobilitéit fir de Vëlo weider ausbauen: dat si gréng Kär-Themen, op deenen een natierlech weider géing schaffen, sou d'Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Donieft soll awer och um Logementsproblem geschafft ginn.
Josée Lorsché: „Konkret heescht dat, d'Koalitioun wëll de Pacte Logement tëscht dem Staat an de Gemengen iwwerschaffen. No der Summerpaus wäert een Débat de consultation stattfannen, wou iwwer de Pacte Logement II geschwat gëtt a wou et drëms geet, Critèren ëmzeänneren. De staatleche Wunnengspark veränneren, dat ass eng vun de Prioritéite vun der Ministesch Sam Tanson. Déi ëffentlech Hand muss méi Verantwortung iwwerhuelen an d'Zesummenaarbecht tëscht Staat a Gemenge muss verbessert ginn.

Een neit Jugendschutzgesetz, een neit Waffegesetz an een neit Denkmalschutzgesetz sollen och entaméiert an ëmgesat ginn. Eng aner Saach, déi déi gréng Fraktioun iwwerdeems beschäftegt, ass d'180 Grad Kéier vun der CSV, wat d'Verfassungsreform ugeet. Dat hätt kënnen an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert ginn amplaz op enger Pressekonferenz. Dëst wär onfair an net kredibel vun der CSV.

Josée Lorsché: „Mir géingen eis wënschen, datt d'CSV zur Vernonft zeréckfënnt an zesumme mat eis eng Sensibilisatiouns- an Informatiounscampagne organiséiert, sou wei et virgesi war. Wat och bedeit, datt mir wierklech wëllen op den Terrain goen. Et war geplangt, mat de Leit ze schwätzen an ze diskutéieren a Sensibilitéiten erauszefannen. An dann och eben de Referendum duerchzeféieren, wéi et ausgemaach war.

Onopgereegt no vir kucken a schaffen, dat war d'Ausso vum Josée Lorsché, wat d'Stëmmung an der Koalitioun besonnesch mat de Liberalen ugeet. „Mir schwätzen net schlecht iwwer Anerer, mä gutt iwwer eis.“, sou déi gréng Fraktiounscheffin.