Den Expert am Medien- an Internetrecht Maître Thierry Reisch erkläert déi wichteg Aspekter aus dem Gesetz.

E Gesetz, dat esou komplex ass, wéi dat iwwert den Dateschutz kann net 11 Méint nodeems et a Kraaft getrueden ass, scho komplett ëmgesat sinn. Esou ähnlech huet de Policeminister François Bausch sech e Mëttwoch a senger Deklaratioun an der Chamber ausgedréckt.

Deen een oder anere war vläicht der Meenung, e Gesetz misst ëmgesat ginn, wann et a Kraaft trëtt, mä sou ass dat hei net.

AUDIO: Suivi Datebanken / Reportage Dany Rasqué

Fir verschidden Aspekter vum Text ëmzesetzen, huet de Legislateur sech méi Zäit ginn. Dat sinn Aspekter, déi net hu misste fir den 1. August d'lescht Joer prett sinn. Deen Dag huet nämlech d'Ausféierung vum Text ugefaangen an dat zitt sech iwwer Joren. De Maître Thierry Reisch, Expert am Medien- an Internetrecht weist op den Artikel 63 hin:

Dat ass déi berühmte Journalisatioun, dat gëtt esou genannt, wou e gesäit, wien ass elo an de Fichier eragaangen, zu wéi enger Zäit, fir wéi ee Motiv an all déi Critèren, fir déi technesch ëmzesetzen, seet de Legislateur a sengem Text vun 2018, dass een do Zäit huet bis 2023 an souguer ënner verschiddene Critère bis 2026.

Vill Leit hu sech an der Lescht d'Fro gestallt, wéi si kënne gewuer ginn, wat d'Police an d'Justiz iwwert si an hiren Datebanke stoen hunn. Dat sollt eigentlech relativ einfach erauszefanne sinn. D'Gesetz gesäit nämlech vir, datt jiddereen en Zougangsrecht op seng Donnéeën huet. Also kann ee sech un d'Police an un d'Justiz adresséieren a seng Donnéeë froen.

Woubäi een awer muss soen, dass een net an all Fall eng Äntwert kann op seng Fro kréien. Huele mer un, do ass een, dee bestellt 100 Kilo Sprengstoff an do ass eng Enquête am Gaangen. Déi Enquête ass jo och dann éierens niddergeschriwwen an enger Base, dann ass et jo logesch, datt ech net kann déi Donnéeë vun der Police kréien, soss kënnen déi jo hir Enquête net fäerdeg maachen an ech weess jo dann direkt, dass do eppes géint mech virleit.

An en Terrorist soll jo am Beschten net gewarnt ginn, ier d'Sécherheetsautoritéiten zouschloen. Wichteg och nach ze präziséieren, datt am Artikel 5 vum Gesetz virgesinn ass, datt de Responsabele vum Traitement bei Police a Justiz verschidde Kategorie vu Persounen a verschidde Base kann ënnerscheeden. Do gëtt zum Beispill eng Differenz tëschent Affer, Zeien oder Täter gemaach.

Et ass iwwregens och dee Responsabele vum Traitement, deen no beschtem Wëssen a Gewëssen decidéiert, wéi laang déi verschidden Donnéeë gehale ginn.