De Start vun den Enseignanten an d'Beruffsliewe soll an Zukunft besser begleet ginn - dat ass eent vun den Ziler vun engem neie Gesetz.

En Donneschdeg am Nomëtteg gouf an der Chamber een neit Gesetz am Enseignement ugeholl. D'Dauer an den Inhalt vum Stage gi vun der Rentrée am September un ugepasst. Duerch dës Verännerunge sollen d'Enseignantë sech erëm méi op hir wesentlech Aarbecht konzentréiere kënnen.

Am Secondaire geet d'Stagezäit vun 3 op 2 Joer zréck, am Fondamental ass et an Zukunft just nach 1 Joer Stage. Mä och am Inhalt vun de Stagë ginn et Changementer. De Rapporteur vum Projet de Loi Gilles Baum erkläert wéi et am Fondamental an Zukunft wäert ausgesinn:

D'Legislatioun bleift déi eenzeg zertifikativ Epreuve am Stage. All déi aner Epreuvë si réng formativer Natur. Och de Memoire an de Bilan de fin de stage ginn deemno fir d'Enseignanten am Fondamental ofgeschaaft.

Och am Secondaire gëtt de Memoire ofgeschaaft. Mä der CSV-Deputéiert Martine Hansen no bleiwen domat Ongerechtegkeeten am Verglach mat de "candidats sursitaires":

Dës Enseignanten hunn den normalen Stage gemaach, hu just kee Memoire geschriwwen. E Memoire, deen een awer elo guer net méi muss schreiwen. Dës Enseignanten hunn awer en däitleche Karriär-Nodeel. A mir fuerderen d'Regierung op fir bis Ufank vum nächste Schouljoer eng Léisung fir dëse Problem op den Dësch ze leeën an dat ënnert Berécksiichtegung vun den Dechargen, déi se kritt hätten, fir e Memoire ze schreiwen, dee se net geschriwwen hunn.

Nei wäert dann och vun der nächster Rentrée un eng sougenannte "Periode d'approfondissement" sinn, an där déi jonk Enseignanten eng Partie Formatioune suivéiere wäerten a vun engem pedagogesche Conseiller begleet ginn, fir hir professionell Kompetenzen ze verdéiwen.

Ofschloss vun der Chamberssëtzung
Fir den Ofschloss vun der Chamberssëtzung sot de Chamberspresident Fernand Etgen, dass d'Rentrée vum Parlament traditionell den zweeten Dënschdeg am Oktober ass. Deen Dag steet och d'Deklaratioun iwwert d'Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel um Programm. Uganks Oktober presentéiert den éischte Bierger vum Land och de Bilan vun der parlamentarescher Sessioun 2018/2019.

Och wa e Freideg déi lescht ëffentlech Chamberssëtzung war, sou sinn d'Deputéiert awer nach net sou ganz an der Summervakanz. D'nächst Woch nämlech stinn nach eng Partie Chamberkommissiounen um Programm. Déi lescht ass op de 24. Juli programméiert.