Am 10-Minutten-Takt sinn d’4-Mann-Ekippen un de Start gaangen.

Ausdauer, Kraaft an Teamgeescht waren en Donneschdeg um Stauséi gefrot.

Do hat d'Arméi hiren 8. Military Challenge organiséiert. 39 Ekippen si géinteneen ugetrueden.

Eng 20 vum Härebierg, dernieft haten déi däitsch an déi belsch Arméi Ekippen um Start, grad esou wéi d'Douane, d'Police an d'Rettungsdéngschter.