Am Mëttelpunkt vum „annual Meeting“ vun der AIIB um Kierchbierg war de Motto vun der chinesescher Bank „Kleng, Propper, Gréng“.

Um Enn waren et eng 1.000 Leit, déi op d’Konferenz vun der Asiatescher Infrastruktur Investment Bank AIIB um Kierchbierg komm sinn. Wat d’Zuel u Visiteuren ubelaangt ass den Event bëssen hannert den Erwaardunge bliwwen.

Finanzministeren, Vertrieder vun der Bank, mä och ganz vill Beamten a fréier Beamte goufen erbäigeruff, fir de Sall ze fëllen. D’Schlaange bei den Entréeën, déi sech erwaart goufen, sinn awer ausbliwwen.

Rendement ouni d'Ëmwelt ze schueden

Am Mëttelpunkt vum „annual Meeting“ dëse Freideg a Samschdeg: de Fazit vun der chinesescher Bank: „Kleng, Propper, Gréng“. De Klimawandel wier eng „Problematik, déi mir um Häerz läit“, sou de Pierre Gramegna. De Finanzminister sot d’AIIB muss, „wa se wëll en Ënnerscheed maachen“, bei all Decisioun iwwert en Investissement, de Klimawandel am Hannerkapp hunn.

Déi national Approche, déi zanter puer Joer Wand an de Seegelen huet, ass Gëft, sou d’AIIB. Betount gouf: d’Nofro fir nei Infrastruktur ass enorm an Asien an an Afrika. Nohalteg Infrastruktur, déi awer och d’Länner wirtschaftlech weiderentwéckelt.

Dem President vun der AIIB no bedeit Qualitéit „Projeten aussichen, déi en héije Rendement hunn“. Mä awer och, datt d’Projeten „der lokaler Populatioun zegutt kommen, a weder de Leit nach der Ëmwelt schueden“, sou de Liqun Jin.

Vill Rhetorik

Onsen Informatiounen no ass déi saudiarabesch Delegatioun an engem ënnerbesate Boeing op de Findel komm. Op der anerer Säit goufen, a Géigesaz zu soss, d’Autoen a Chauffeure gedeelt. Dat mat der Ëmwelt, dat ass vill Rhetorik. ONGe sinn och op de Kierchbierg protestéiere komm, eng Handvoll Leit, dorënner puer Lëtzebuerger. Engem neie Rapport no huet d’AIIB a sengen éischten dräi Joer haaptsächlech a fossil Industrie investéiert a manner an erneierbar Energien.

Wéi wëllen d’ONGen dat da wëssen? „Mir si ganz sécher“, sou de Knud Vöcker, vun der Ëmweltorganisatioun „Urgewald“. Sécher, „well mir déi intern Donnéeë vun der Bank, sou wäit se zougänglech sinn, analyséieren, plus Donnéeën, déi mer iwwert Wirtschaftsdatebanken erauskréien“.

Ugeschwat op d’Ausso vum AIIB-Vizepresident, de Sir Danny Alexander op RTL, d’Bank géing net an d’Kuelenindustrie investéieren, sot ons ee vun den Organisateure vun der Demo, de Knut Vöcker: “Dann ass hien entweder ganz schlecht informéiert oder hie litt.