136 Stied op 5 Kontinenter si Member vum Europarot sengem Programm vun den "interkulturelle Stied". Zanter Dezember ass Diddeleng mat dobäi.

Bis viru kuerzem war keng lëtzebuergesch Gemeng oder Stad dobäi, ma zanter Dezember ass Diddeleng mat senge 40 Prozent Friemen an 105 Nationalitéiten een Deel vun deem Reseau. Déi lescht Deeg iwwer waren zwou Vertriederinne vun deem Programm an der Forge du Sud, fir sech op der Plaz e Bild ze maache vun der Diddelenger Interkulturalitéit. Hir positiv Feststellung war, datt d'Stad op ville Gebidder besser do steet wéi anerer. Diddeleng hofft Pionéier ze ginn, fir aner Gemengen oder Stied am Land matzezéien.

AUDIO: Interkulturell Stied / Reportage Eric Ewald