Fir och nom Austrëtt vu Groussbritannien kënnen an der EU ze schaffen, verleeën eng Rei Assurancëgesellschaften hiren Europa-Sëtz vu London op Lëtzebuerg.

De Brexit wier am Lëtzebuerger Assurancë-Secteur ukomm, heescht et am Bilan 2018 vum Commissariat aux Assurances (CAA). Dora stécht eraus, dass am Beräich vun den direkte Versécherungen eng grouss Zuel vun Entreprisen agreéiert gouf.

De Claude Wirion, Direkter vum Commissariat aux Assurances, erkläert, dass lescht Joer 12 Firmen en Agreement beim CAA kritt hunn. An den éischte 6 Méint vun 2019 wieren der nach 3 derbäi komm. Esou Zuelen hätt ee beim CAA nach ni gehat, esou de Claude Wirion weider.

11 vun deene 15 Firme wieren iwwerdeems eleng op de Brexit zeréckzeféieren. An den éischte Méint 2019 hätt een eng ähnlech Reprise vu Courtage-Societéiten observéiert. 7 Courtage-Gesellschafte goufen am éischte Semester vun dësem Joer agreéiert.

AUDIO: Bilan CAA: Assurancë-Secteur spiert Impakt vum Brexit

D’Zuel vun de Beschäftegten am Assurancë-Secteur ass deementspriechend geklommen. Vun 2016 op 2018 gouf et e Plus vun 21 Prozent. De gréissten Zouwuess kënnt vu Filialen am Ausland. Hei schaffe 45 Prozent méi Leit wéi nach 2016. Praktesch d’Halschecht vun de Beschäftegten am Secteur. Dës Zuel wäert an Zukunft nach klammen. Wat och nees mam Brexit ze dinn huet, esou de Claude Wirion.

Déi Firmen, déi wéinst dem Brexit hire Siège op Lëtzebuerg verluecht hunn, hate scho praktesch all Succursallen an de Länner vun der Europäescher Unioun. Aplaz dass déi Succursallen op de Siège vu London rattachéiert ginn oder goufen, ass einfach de Rattachement vun deene Succursallen op déi nei Lëtzebuerger Entreprise gemaach ginn.

Och wa lescht Joer 3 Prozent méi Primmen encaisséiert goufen, esou sinn d’Resultater no Steieren par rapport zu 2017 ëm 16 Prozent erofgaangen. Dat läit haaptsächlech un de Liewensversécherungen, déi e Réckgang vu bal 30 Prozent verbucht hunn, wéi de Claude Wirion erkläert.

Do muss ee soen, mir haten 2017 en aussergewéinlecht gutt Joer, wat mer net konnte reproduzéieren. (…) Mir hunn awer elo an der Vie eng nei Firma, déi eng ganz rapid Expansioun am Ausland mécht an déi nach an den Ufanks-Defiziter ass. Mä et ass eng grouss Entreprise an da sinn d’Defiziter och en conséquence méi grouss.

Dës Defiziter géifen d’Resultater erofdrécken. Eng Situatioun, déi de Kommissariat awer net als besuergneserreegend aschätzt. Besonnesch wann een no vir kuckt. Zuele vum éischten Trimester 2019 zéien nämlech staark un. Sou dass de Brexit deemnächst och an de strikten Zuele wäert ze spiere sinn.