Op Propositioun vum CSV-Generalsekretär Félix Eischen huet den CSV-Nationalkomitee eestëmmeg decidéiert, de Paul Galles Generalsekretär adjoint ze nennen.

Den Deputéierten a Stater Gemengerot Paul Galles wäert vun elo un d’CSV an hirer politescher Programmatik ënnerstëtzen, sou d'Schreiwes. Nieft dem Paul Galles ass d’Kim Mosel d’Generalsekretärin adjointe.