Op Nofro huet de Gesondheetsministère RTL eng kuerzzäiteg Rupture d'Approvisionnement vum medezinesche Cannabis confirméiert.

D’Direktioun vun der Santé huet eng Rekommandatioun un d’Dokteren erausginn, fir kuerzzäiteg deene Patienten, déi schonn en Traitement mat medezineschem Cannabis ugefaang hunn an dorop och gutt reagéieren, ze prioriséieren, fir esou ze verhënneren, dass dës Patienten hiren Traitement eventuell ongewollt, missten ënnerbriechen.

Donieft gouf rekommandéiert – wéinst enger kuerzzäiteger Rupture d’approvisionnement – kengen neie Patienten, déi op den Dag vum 9. Juli 2019 nach keen Traitement mat medezineschem Cannabis ugefaang hunn, dësen och einstweilen net ze verschreiwen, bis dass de Stock sech erëm normaliséiert huet..

Fir Patienten, déi den Ament net mat medezineschem Cannabis behandelt ginn, bestinn och alternativ Behandlungsméiglechkeeten.

D'Cannabis-Produiten, déi zu Lëtzebuerg verschriwwe ginn, komme fir den Ament aus Kanada.

Heibäi nach weider Explikatioune vun der Santé

Vu datt d’Gesetz iwwert de Cannabis fir de medezinesche Gebrauch eréischt zënter Kuerzem hei zu Lëtzebuerg agefouert gouf, konnten d’Estimatiounen iwwert di méiglech Zuel vu Patienten, déi vun dësem Traitement géife Gebrauch maachen an iwwert d’Quantitéit vun Cannabisbléien (sommités fleuries), déi an der Moyenne pro Patient consomméiert ginn, net op historeschen Donnéeën foussen.

D’Estimatiounen goufen deemno op Grond vun den Donnéeën, déi an eisen Nopeschlänner (virun allem an Däitschland) dokumentéiert goufen, extrapoléiert. Dobäi gouf och consideréiert, dass hei zu Lëtzebuerg d’Consommatioun kéint méi héich sinn, esou dass vun Ufank un, fir d’Budgetiséierung an de Volume vum Approvisionnement vu medezineschem Cannabis hei am Land, d’Extrapolatioun méi héich ugesat ginn ass.

Allerdéngs goufen och dës méi héich Estimatiounen depasséiert, esouwuel wat d’Zuel vun de Patienten ubelaangt, wéi och d’Duerchschnëtts-Dosis vun Cannabisbléien pro Patient.

Eng Analys vun de Prescriptiounen vu medezineschem Cannabis, déi duerchgefouert gouf, fir ze verstoen, firwat mir dësen Depassement hunn, weist, dass et engersäits grouss Ënnerscheeder gëtt tëscht de Prescriptiounen pro Dokter, an anerersäits, eng grouss Diversitéit vu Krankheeten, déi eng Verschreiwung motivéieren.

Als Rappell: d’Indikatioune fir medezinesche Cannabis sinn:

  • Schwéier Krankheeten an engem avancéierten oder am Ennstadion, mat chronescher Péng;
  • Kriibskrankheeten, déi mat enger Chimiotherapie behandelt ginn, déi Iwwelzegkeet an Erbriechen mat sech bréngt;
  • Multipel Sklerose mat enger symptomatescher muskulärer Spasticitéit.

Den Ament ass et net méiglech en Datum ze präziséieren, wéi laang dësen Enkpass wäert daueren, a wéini den nationale Stock vu medezineschem Cannabis erëm op engem optimalen Niveau ass.

D’Direktioun vun der Santé widderhëlt, dass et fir Patienten, déi net mat medezineschem Cannabis behandelt ginn, therapeutesch Alternative ginn.

Zënter Februar a bis de 15. Juli goufen 21 kg Cannabis-Bléien verschriwwen. Zënter Februar a bis den 30. Juni kruten 270 Patienten eng éischt Behandlung mat medezineschem Cannabis.