E Sonndeg de Moie fréi géint 4 Auer gouf et eng Kläpperei bei engem Club um Biergerkräiz.

Eng Persoun gouf schwéier blesséiert. Fir d'Ëmstänn ze klaren, sicht d'Police elo no Zeie vum Virfall. All Informatioune si fir de Police-Büro vu Capellen/Stengefort ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000.