De Premier, d'Regierung, d'LSAP, déi Gréng an den CSV-President: si all kruten es de Mëttwoch de Mëtte vun der ADR.

AUDIO: Presse-Iesse vun der ADR/Reportage Eric Ewald

D'alternativ demokratesch Reformpartei huet den eegenen Aussoen no selwer e gutt lescht Joer hanneru sech. Et krut een e Member am Staatsrot an en Deputéierte bäi, an et koum ee bei den Europawale fir d'éischt iwwer 10%, huet de Gast Gibéryen betount. Politesch gesi wär et relativ roueg gewiescht, bis zum Schluss vum Joer am Parlament. Bei enger neier Regierung wär een eng Ulafzäit gewinnt, déi wär awer och bei där aler/neier Realitéit gewiescht. Kritik gouf et un de soziale Mesuren, déi sech d'LSAP op de Fändel schreiwe géif. Bei der ADR wier ee frou, dass de Mindestloun an d'Luucht gaangen ass, mä wat d'LSAP vergiess gehat hätt ze soen, wier, dass all déi sozial Mesuren aus de leschte Méint zu 100 Prozent iwwer Steiergelder finanzéiert gi wieren. Wougéint d'Betriber manner Steiere bezuele géifen, sou den ADR-Deputéierten.

Déi vun der Regierung héichgehalen Transparenz da géif sech am beschte beim sougenannte "geheime Casier" weisen. D'Regierung hätt dozou falsch oder widderspréchlech Informatioune ginn, soudass d'Oppositioun geschlossen aus enger Chamberssëtzung goung. Nawell hätt de Xavier Bettel kee Wuert heizou gesot. "De Premierminister ass just zoustänneg, fir duerch d'Groussgaass ze trëppelen an d'Leit ze këssen, mä déi politesch Dossieren an déi, déi méi kriddeleg sinn, déi léisst hien d'Ministere maachen.", esou de nach de Gast Gibéryen.

Et wär nach ëmmer méiglech, dass no der Summervakanz eng Resolutioun zum Vott gestallt gëtt, déi eng Enquêtëkommissioun a Saache "geheime Casier" freet, huet de Gast Gibéryen gemengt.

Wat d'Verfassung ugeet, hätt d'CSV den ADR-Walprogramm iwwerholl. Den CSV-President Fränk Engel wär net nëmmen op deem Punkt e Glécksfall fir all déi aner Parteien. Et kéint ee just hoffen, dass de Frank Engel laang un der Spëtzt bleift.

Zu gudder Lescht huet den ADR-Deputéierte bedauert, dass net iwwer Wuesstem geschwat gëtt, virun allem net vun deene Gréngen, dobäi kritt Lëtzebuerg all 7 Joer 100.000 Awunner bäi.