Duerch den Upgrade vun der "Chaîne de surveillance radar" de leschte Mount um Findel, dem Air Traffic Control-System, koum et zu kengen notabele Retarden.

Dat äntwert den zoustännege Minister fir Mobilitéit François Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Sven Clement vun der Pirate-Partei.

Kee Vol huet wéinst den Aarbechten um Radar missten annuléiert ginn. Wärend dem Päischtweekend, wou un den Installatioune geschafft gouf, koum et alles an allem zu 95 Retarden, déi meescht mat manner wéi enger véierel Stonn. Nëmmen 2 Vollen haten e Retard vu méi wéi enger Stonn.

D'Fluch-Mouvementer um Findel huelen dauernd zou. Waren et der 2014 nach ronn 84.200 d'Joer, goufen zejoert eng ronn 94.600 Beweegunge gezielt. Déi ganz grouss Majoritéit dovunner si Passagéierflich.