Den Ament schaffen beim CGDIS 488 Beruffspompjeeën, grad wéi 175 Leit als administratiivt oder technescht Personal.

58 zousätzlech Beruffspompjeeën sollen a nächster Zäit derbäi kommen. Dat geet aus der Äntwert vun der Inneministesch Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch ervir.

Aktuell kéint net vun engem Rekrutéierungsproblem rieds goen, no deem sech d’Deputéiert géif ëmfroen, schreift d’Ministesch. Bis ewell hätte sech ëmmer genuch Kandidatinnen a Kandidaten op Posten, déi ausgeschriwwe waren, gemellt.

Zanter 2013 schonns wier, en Vue vun der Kreatioun vum CGDIS, d’Unzuel vun de Beruffspompjeeë scho konsequent gehéicht ginn. An de leschten 10 Joer wieren ëmmerhin 211 nei Poste geschaaft ginn.

Och an Zukunft wäert d'Regierung, zesumme mat de Gemengen, dem CGDIS déi noutwenneg finanziell Moyenen zur Verfügung stellen, fir dat Personal kënnen anzestellen, dat gebraucht gëtt, fir déi deeglech Erausfuerderungen ze meeschteren, schreift nach d'Ministesch.