Mobbing op der Aarbecht ass och zu Lëtzebuerg eng Realitéit. 18 Beschäftegter op 100 fille sech dovunner betraff.

Dat huet eng rezent Etüd vun der Salariatskummer erginn. Ma bis haut gëtt et kee spezifescht Gesetz géint de Mobbing. Just gesetzlech Bestëmmungen am Aarbechtsrecht. A Konventiounen. Dat geet awer net duer, seet ënner anerem d'Mobbing asbl. Dorunner soll sech awer an Zukunft eppes änneren.

VIDEO: Op der Aarbecht: 18% vun de Salariéeë vu Mobbing betraff
Ëmmer méi Salariéeë leiden ënnert Mobbing. 18,1 Prozent wieren dovunner d'lescht Joer betraff gewiescht. 2014 waren et nach 12,4 Prozent.

Reegelméisseg kleng Gemengheeten, Ausgrenzung, psychesch Gewalt. Mobbing ka vill Facetten unhuelen. A wou fänkt de Psychoterror iwwerhaapt un? Fir Betraffener eng schwiereg Situatioun. An och wann d'Patronen dru gehale sinn hir Employéen ze schützen, esou géifen d'Affer an der Regel d'Konsequenzen droen an net den Täter. Kritiséiert d'Mobbing asbl.

Dacks awer gëtt an engem Service d'Affer versat. Zum Deel geet dat esou wäit, datt d'Affer muss kënnegen oder gekënnegt kritt, kritiséiert de Manuel Mullenbach, President vun der Mobbing asbl.

Et misst e spezifescht Gesetz hir, dat kloer Strofen a Sanktioune virgesäit. Dofir mécht sech och eng Petitioun staark, déi zanter dem 8. Juli public ass. Awer eréischt 190 Ënnerschrëfte krut. An och d'CSV huet en Donneschdeg de Moien an der Aarbechtskommissioun e Gesetz géint de Mobbing gefuerdert, fir Affer ze schützen an ze ënnerstëtzen.

Et ass wichteg, fir e kloert an däitlecht Gesetz ze hunn an d'Leit, déi ëffentlech géint de Mobbing an domadder och eventuell géint de Patron virginn, ze schützen, esou de Marc Spautz. Dofir brauche mer e kloer an däitlecht Gesetz, wien et muss beweisen a wien net.

Bis ewell muss de Betraffenen dem Täter Mobbing noweise kënnen. Dat iwwer e gewëssenen Zäitraum. Bei der Mobbing asbl réit ee Betraffenen dofir en Tagebuch ze féieren. E soll ee schreiwen, wat geschitt ass awer och selwer, wéi een drop reagéiert huet.

Als Member vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun huet Lëtzebuerg am Juni eng Konventioun géint Gewalt a Mobbing op der Aarbecht ugeholl. Opgrond dovunner wëll den Aarbechtsminister Dan Kersch och e spezifesche Gesetzesprojet virbereeden. Dat sot hien an der Chamberkommissioun. Bis elo hätt nämlech eng europäesch legal Basis dofir gefeelt. Alles, wat an där Konventioun drasteet, wäert een och am Lëtzebuerger Gesetzestext erëmfannen.

Hei sollen dann net just Salariéen, mä och d'Employeure geschützt ginn. Dës wäre bis ewell net an de Bestëmmungen am Code de Travail virgesinn.

18% vun de Salariéeë vu Mobbing betraff

Ëmmer méi Salariéë leiden ënnert Mobbing. 18,1 Prozent wieren dovunner d'lescht Joer betraff gewiescht. 2014 waren et nach 12,4 Prozent.

Dat war d’Resultat vun enger Etüd vun der Chambre des Salariés am Kader vun hirer "Quality of Work Index"-Enquête.

AUDIO: Reportage Mobbing op der Aarbecht

Virun engem Mount koum déi Etüd eraus, e puer Deeg ier zu Genf eng Konventioun iwwert d’Gewalt an Harcèlement op der Schaff ugeholl gouf. Eng Konventioun, déi elo soll de Wee fir ee spezifescht Gesetz hei zu Lëtzebuerg fräi maachen. Dat gëtt et hei am Land nämlech nach net. Dofir eng ganz Rei Dispositiounen, déi verschidden Aspekter traitéieren.

D’CSV hat dofir en Donneschdeg de Moien de Sujet op den Ordre du Jour vun der zoustänneger Chamberkommissioun setze gelooss, esou den CSV-Deputéierten Marc Spautz.

D'Haaptproblemer déi mir hunn, fänke mat der Definitioun vun der Preuve un. Da brauchen d'Leit och nach Courage, Courage ass vläicht net dat richtegt Wuert, sech ze wieren, fir iwwerhaapt och wëllen ëffentlech géint de Patron virzegoen. Dofir brauche mir een däitlecht a kloert Gesetz, wie beweise muss ob et de Fall ass oder net.

Da wollt ee vum Aarbechtsminister Dan Kersch nach wëssen, wéi d’Regierung elo géint de Mobbing wëlles huet virzegoen.

AUDIO: Mobbing op der Aarbecht

Mir waarden elo op eng allgemeng Äusserung vum europäesche Rot. Dat heiten ass eng Responsabilité partagée tëscht der EU Kommissioun an den nationale Staaten. D'Kommissioun huet eis matgedeelt, datt si gären hätt, datt formell de Ministerrot gréng Luucht de Memberstaate gëtt, fir d'Konventioun ëmzesetzen. An da kann een och zu Lëtzebuerg punktuell no-legiferéieren. Wéi gesot, déi Haaptpunkte vun der Konventioun sinn hei zu Lëtzebuerg scho garantéiert.

Mä ebe besteet kee spezifescht Gesetz, dat eng Persoun wéinst Mobbing kéint belaangen. Dat wier och keen einfachen Exercice, esou ee Gesetz op d’Been ze stellen, esou den Dan Kersch. Jidderee géif Mobbing aneschters gesinn, wat fir deen ee géif gëllen, géif net fir deen anere gëllen, esou datt am Gesetz, wann et da soll kommen, genee Definitioune missten dra festgehale ginn.

D'Mobbing Asbl geet iwwregens dovunner aus, datt vun de ronn 460 Mol wou d'ASBL d'lescht Joer kontaktéiert gouf, ëm déi 30 Fäll Mobbingfäll sinn.

Am Kader vun der "Convention collective d’obligation générale pour tous secteurs confondus" geet d'ITM all de Plainte vu Mobbing, déi bei hir erakommen, no. Zejoert waren dat 23 Plainten an dëst Joer bis ewell 7 Plainten.