50 Kandidate wäerten dëst Joer rekrutéiert ginn, fir ugeholl ze ginn, muss een op d'mannst 18 Joer al sinn an eng 11e hunn.

Dernieft muss een och eng Rei physesch Tester maachen. Wat do alles verlaangt gëtt, doriwwer konnten d'Interessente sech e Samschdeg zu Diddeleng e Bild maachen.

D'Kandidate vum leschte Joer hunn de Samschdeg de Moie gewisen, dass een als Pompjee net just Kraaft a Fitness brauch, mee och Geschécklechkeet erfuerdert ass. Am Pompjees-Costume a mat Otemschutzgeräter duerch e Parcours mat Obstakele lafen, dat kann een awer trainéieren.

Eng 30 Meter héich  Pomjeeleeder eropklammen allerdéngs net. Dofir bedeit en Echec bei dësem Exercice och d'Eliminatioun vum Kandidat.

Detailer iwwer de Rekrutement vu de Pompjeeën ginn et op www.secours-jobs.lu.

© CGDIS