E Freideg sinn erëm nei Petitiounen um Site vun der Chamber publizéiert ginn. Dës kënne bis Enn August ënnerschriwwe ginn.

Komme bis den 29. August déi néideg 4.500 Ënnerschrëfte fir eng Petitioun zesummen, gëtt doriwwer en ëffentlechen Debat an der Plenière vun der Chamber ofgehalen.

D’Fuerderungen vun den 13. Petitioune gi queesch duerch de Gaart.

Beispillsweis wëll eng Petitioun méi mobil oder fix Radaren, respektiv Policekontrollen, am Norde vum Land.

Eng aner fuerdert, dass den TVA-Taux op Servicer vum Déierendokter reduzéiert gëtt.

An nach eng aner setzt sech dofir an, dass och den Transport fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit vum nächste Joer u soll gratis sinn.

Eng weider Petitioun fuerdert eng gesetzlech Basis, déi fräi Deeg reegelt, wa staark Hëtzt ass.

Alleguer déi nei Petitioune fannt Dir hei.