De Fluchhafebedreiwer Lux-Airport muss keng Entschiedegunge bezuelen, wann de Parkticket duerch e Retard vum Fliger méi deier gëtt.

An der Moyenne landen eng 5.500 Fluchpassagéier den Dag um Findel. Dës Zuele publizéiert d'ANA, d'Verwaltung vun der ziviller Aviatioun.

No der Landung heescht et dann op d'Valisse waarden a säi Wee eraus bei Bussen, Taxien an Autoe maachen. An hei schneit de Findel am Verglach mat auslännesche Fluchhäfe gutt of. Wéi et an enger Etüd vu "Blacklane" heescht, ass de Findel souguer dee séierste vun der Welt, wann et em d'Verloosse vum Fliger an dem Erausgoen aus dem Fluchhafe geet. An der Moyenne läit dës Zäit nämlech bei net emol 16 Minutten.

Dës Chifferen nennt den zoustännege Mobilitéitsminister François Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Sven Clement vun der Piratepartei.

Dee wollt och gewuer ginn, op net d'Parkingen sollte gratis offréiert ginn, oder op een d'Parkingsfraise rembourséiert kritt, wann et zu engem Retard kënnt, an een doduerch méi déif muss an d'Täsch gräifen, fir de Parking ze bezuelen.

Zwee Mol Nee ass d'Äntwert vum Minister Bausch. "Op kee Fall" wäerten et Entschiedegunge vun Lux-Airport ginn, wann e Fliger Retard huet. D'Leit kréiche mam Parking e Service gebueden, dee se kéinten notzen an unhuelen oder eben net. Och géif de Parking net gratis gemaach ginn, well d'Tariffer fir d'Parken am internationale Verglach schonn zu deene Bëllegste géifen zielen. Zuelen iwwert déi verschidde Recetten nennt Lux-Airport awer net.

Zejoert sinn iwwerdeems eng ronn zwou Millioune Leit um Findel gelant.