An der Nuecht vum 17. op den 18. Juli ass et der Police gelongen, 2 presuméiert Abriecher festzehuelen.

En Zeie war duerch Geräischer op si opmierksam ginn an hat d'Police geruff.

Déi 2 hu sech duerch d'Bascht gemaach, wéi d'Police ukoum. Se konnten awer kuerz drop gepëtzt ginn.
Déi presuméiert Täter goufe festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.

D'Police aus der Stad, vu Maacher a vu Miersch hunn hei collaboréiert. Mat un der Aktioun bedeelegt war och de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der PJ.